☀️

Summerdeal: 60 Deeg gratis Testzäit!

Gratis testen

Eis geschicht

Vun der Iddi zur Realitéit

Zënter 2008 sichen ech, als Enseignante, no effikasse Léisungen, fir mäi professionelle Alldag besser ze strukturéieren an ze organiséieren. All Projet fänkt mat enger Iddi un, gedriwwen vun der Wëllenskraaft, eng konkret Aktioun ëmzesetzen, fir e kloert Zil z'erreechen.

Déi vill Verdeelung vu menge Léierpläng, Observatiounen a Virbereedungen iwwer d'Jore hunn ëmmer nees fir vill Zäitverloscht gesuergt. Net exploitéierbar Notizen a widderhuelend Aufgaben vu Schouljoer zu Schouljoer waren den Alldag.

An Zesummenaarbecht mat mengem Mann, deen Programméierer ass, ass d'Iddi entstanen, en Agenda ze entwéckelen, deen spezifesch op mäi Beruffszweck zougeschnidde war. Zesummen hu mir d'Basisbedierfnesser definéiert an en Tool entworf, deen einfach, praktesch a komplett ass – en Agenda, deen mech all Dag bei menger Reflexioun an Organisatioun ënnerstëtzt.

Getest a bewäert

Säit engem Joer testen ech dëse Prototyp, a hien huet sech als eng wierklech Hëllef fir d'Gestioun vun der Zäit an de Suivi vu menge Schüler erausgestallt. Dësen Agenda ass méi wéi nëmmen e Tool: Hien ass eng Hëllef, entworf fir all Aspekt vu menger Aarbecht ze optimiséieren.

Haut wëll ech dësen Agenda mat aneren Enseignanten deelen. Dank senger breetflächlecher Notzung a mat Ärem Feedback wäert dësen Tool sech weiderentwéckelen, fir den Besoinen an Erausfuerderunge vum Enseignement gerecht ze ginn.

Eng Visioun fir d'Zukunft

Vill Iddien sti schonn am Raum, fir den Agenda ze beräicheren an ze perfektionéieren. Nei Funktionalitéite wäerte bäikommen, déi spezifesch Bedierfnesser ofdecken an den Alldag weider vereinfachen.

Dëst ass just den Ufank. YOPO wäert sech stänneg un Är Erwaardungen upassen an eng Referenz fir d'Schoulorganisatioun ginn.