☀️

Summerdeal: 60 Deeg gratis Testzäit!

Gratis testen

YOPO

You Only Plan Once

Den intelligenten Agenda fir Enseignanten

Ee Plang. Eng Plaz. Emmer dobäi.

Gratis testen

60 Deeg. Ouni Engagement

Funktiounen

Den Agenda fir en vereinfachten Alldag

Dësen Agenda vereinfacht den Alldag vun den Enseignanten, andeems en eng praktesch Léisung ubitt, fir all Är Informatiounen ze organiséieren an ze zentraliséieren, während se zu all Moment zougänglech bleiwen.

Alles op ee Bléck
Däi Dagesoflaf an all deng Coursen ginn op strukturéiert Manéier gespäichert. Nieft engem normalen Agenda gëtt och all Informatioun zu dengem Unterrecht zentral organiséiert an automatesch synthetiséiert. Deng selwer opgebaut Struktur bleift fir all Joer erhale – ëmmer prett, fir erëm ze benotzen!
Unterrechter einfach programméieren
Generéier däi Stonneplang automatesch, mat Méiglechkeeten fir Upassungen. Beschreiwungen, Preparatiounen a Materialien fir all Unterrechtstonn kënnen direkt bäigefüügt ginn: Fichieren, Fotoen an Hausaufgaben sinn op Knopfdrock ugespéngelt. Alles gëtt gespäichert, fir et am nächste Schouljoer erëm benotzen oder upassen ze kënnen.
Recycle däin Agenda
Deng Unterrechts-plannung vum leschte Joer ass net verluer. Mat YOPO importéiers du alles, wat s du scho gemaach hues, an eng nei Schouljoer-Struktur. Spuer Zäit an Energie – an ugepasst gëtt nëmmen, wat wierklech néideg ass!
Schüler-Organisatioun
Den Agenda bitt eng zentral Plattform fir: Verspéidungen, Absencen a perséinlech Observatiounen ze verwalten. Eng detailléiert Synthese vun alle Schüler-Donneeën op engem Bléck. Fir ëmmer déi wichtegst Informatioun direkt parat ze hunn.
Meetingen an Eventer organiséieren
Meetingen, Concertatiounen, Elterversammlungen oder Specialeventer sinn och Deel vun dengem Alldag. Dës kënnen einfach am Agenda agedroe ginn a ginn als Event markéiert. Events musse net fir déi nächst Joer gespäichert ginn, wat d'Organisatioun méi flexibel mécht.
E Projet an der Entwécklung
Den intelligente Agenda bleift net stoe, mee entwéckelt sech mat senger Notzung weider. Hien ass speziell entworf, fir den Ufuerderungen an de Feedback vu senge Benotzer gerecht ze ginn, an ënnerstëtzt d’Enseignanten an hirem professionelle Alldag.

Präis

Ee Präis. Ouni Engagement.

Profitéier vun engem digitalen Agenda, deen tatsächlech matdenkt. Wann s du, wéi vill aner Enseignanten, begeeschtert bass, zéck net !

Test-Versioun

Gratis

Entdeck den intelligente Agenda ouni Engagement.

  • 60 Deeg gratis testen
  • All Fonktiounen
  • Ouni Engagement
Gratis testen

Pro

€24,99/ Joer

Den intelligenten Agenda mat all sengen Funktionalitéiten.

  • Automatescht Androen vum Stonneplang am Kalenner
  • Lektiounen programméieren an upassen
  • A/B-Woche Stonnepläng méiglech
  • Schülerobservatiounen zentraliséiert
  • Verspéidung an Absencen markéieren pro Schüler
  • D'Uspéngelen vun Fichieren: Aarbeschtsblieder, Dokumenter, Fotoen… (bis zu 2 GB am Ganzen)
Aschreiwen

FAQs

Heefeg gestalte Froen